Groussherzogtum Lëtzebuerg

Ons Hemecht

(Lëtzebuergeſch 卢森堡文 Luxembourgish)


Wou d’Uelzécht durech d’Wisen zéit,
Duurch d’Fielsen d’Sauer brécht,
Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit,
Den Himmel Wäin ons mécht:
Dat as onst Land, fir dat mer géif
Heinidden alles won,
Ons Hemechtsland dat mir so déif
An onsen Hierzer dron.
Ons Hemechtsland dat mir so déif
An onsen Hierzer dron.

O Du do uewen, deem séng Hand
Duurch d’Welt d’Natioune leet,
Behitt du d’Lëtzebuerger Land
Vum frieme Joch a Leed
Du hues ons all als Kanner schon
De fräie Geescht jo ginn,
Looss viru blénken d’Fräiheetssonn,
Déi mir so laang gesinn!
Looss viru blénken d’Fräiheetssonn,
Déi mir so laang gesinn!